Geocache.lu - Official Geocaching Website for Luxembourg

  • Increase font size
  • Default font size
  • Decrease font size
Deutsch (DE-CH-AT)French (Fr)English (United Kingdom)Lëtzebuergesch

Geocache.lu-Logo

Häerzlech Wëllkomm op Geocache.lu, der Geocaching-Communautéit Säit vun Lëtzebuerg.

 

Geocaching ass e Spill wat et op der ganzer Welt get. Et spillt een et mat Hëllef vun engem GPS-Empfänger. Beim Geocachen geet et dorëm mat Hëllef vu Koordinaten an engem GPS-Empfänger Plastiksdousen am Bësch, um Feld oder och a Stied ze sichen déi virdrun do verstoppt goufen. Et ass am Resumé eng modern Form vu Schnitzeljuegd. Wanns Du gäre wanders an dech gären dobaussen ophäls, a wanns De Loscht hues eng Aventure ze erliewen, dann ass Geocaching genau dat richtegt fir Dech! Fir dessen Hobby ass een ni ze jonk oder ze al. Fir jiddereen ass eppes dobäi !

 

 

Fann méi iwwert eise flotten Hobby eraus andeems du dech hei ëmkucks.

 

Du kanns eis zu all Zäit per E-Mail kontaktéieren, wou mir Dir da Ried an Äntwert stinn.

 

Eng kuerz Aféierung

Fir all déi Nei an fir déi déi fir d´éischt op eiser Säit sinn, hei eng kleng Iwwersicht an e puer Erklärunge vun de verschiddene Beräicher op dëser Säit:

Ufank: Startsäit
Wat ass Geocaching?: Besonnesch fir déi Nei gëeegent. Hei fënns De d´Entstehungsgeschicht vum Geocaching a vill aner Infoen zu dësem Hobby.
News: Hei fënns Du all Dach Neiegkeeten aus der Welt vum Geocaching.
Geocaching zu Lëtzebuerg: Firwat zu Lëtzebuerg cachen? Wat ass esou besonnesch zu Lëtzebuerg? An nach e puer Statistiken.
Cache Empfehlungen: Besonnesch fir déi Nei, awer och fir Cacher déi de besonnesche Cache sichen. Hei fënns Du Cache Empfehlunge fir Lëtzebuerg an fir d'Grenzregioun an Däitschland, Frankräich an der Belsch.
Eventkalenner: En Kalenner wou en nokucke ka wéini een nach en Begleeder sicht fir op Geocaching-Tour ze goen, oder wéini deen nächste Geocaching Event an d'Haus steet.
Links: Hei fann der intressant an netzlech Internetadressen.
Downloads:
Stashnotes, Cachestickeren, Logbicher, Logoen, Programmer, ... gratis als Download.
Media: Videoen a Fotoen vun a beim Geocaching.
Forum: Den offiziellen letzebuergeschen Geocaching-Forum.
Geocacher Magazin:
De Geocacher Magazine as gratis a kann hei eroofgeluede ginn.
Kontakt: Bei Froen, Feedback oder Probleemer, kennt der eis hei erreechen.
FAQ & Disclaimer: Heefeg gestalte Froen an Impressum


Interne Beraich:

Als Geocacher kanns de dech gratis op Geocache.lu umellen an kriss domadden Zougreff op verschidden intern Funktiounen.

 

 

 

Nächst Rendezvous'en

No events